
Bei eis am Restaurant leeë mir besonnesch Wäert op d'Verschaffe vu Produiten aus dem Mëllerdall a soss aus dem Ländchen.

Mir proposéiren Iech awer net nëmmen eis Kaart, nieft eise Menüen vun 3 oder 5 Gäng kënnt Dir Iech hei Äre perséinleche Menu zesummestelle loossen. Donieft bidde mir Iech och Themenowender, Catering, Showcooking a Kachcouren un. Vum Fréijoer un, kann een och gäre bei sonnegem Wierder vun eiser Terrasse profitéiren. Wann Dir lo virwëtzeg gi sidd, da kommt eis op Haler besichen. Mir freeën eis op Iech.
Öffnungszäiten vum Restaurant
Ausnahmsweis :
ons uruffen : +352 83 67 48

Restaurant „Gudde Kascht“
20, rue Henerecht
L- 6370 Haller
Grand-Duché de Luxembourg
Tel: (+352) 83 67 48
E-Mail: info@guddekascht.lu
Mir sinn am Congé :
30. August - 16. September 2018
Mir sinn complet :
- 30. Juni
- 01. Juli
- 05. Juli
Ons uruffen : +352 83 67 48